Entdeck d'Welt vu BENU

Entdeck d'Welt vu BENU

BENU VILLAGE ESCH ASBL

BENU VILLAGE ESCH ASBL

Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU VILLAGE SIS

BENU VILLAGE SIS

Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert Ufank 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU SLOOW

BENU SLOOW

Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Wanter 2022/23 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU COUTURE

BENU COUTURE

Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!

BENU REUSE

BENU REUSE

Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:

BENU LaSA

BENU LaSA

Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU FORM

BENU FORM

Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU BREAK

BENU BREAK

Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

Dateschutz

Perséinlech Daten ewéi den Numm, de Virnumm, d'E-Mail-Adress an d'Telefonsnummer, gi vertraulech behandelt. Se ginn exklusiv am Kader vun der Online-Reservatioun, a bis zum Ofschloss vun der Transaktioun, duerch BENU Village Esch asbl traitéiert a ginn der gesetzlecher Frist zum Dateschutz entspriechend gespäichert.

https://sloow.benu.lu/lu erkennt un a verflicht sech, d'Gesetzer a Reglementer ze respektéieren, déi de Schutz vu perséinlechen Donnéeë regéieren, dorënner, awer net beschränkt op, d'Reglement (EU) 2016/679 vum Parlament a vum Conseil vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun de Persoune bezüglech der Veraarbechtung an dem fräie Verkéier vu perséinlechen Donnéeën ("GDPR") an all aner uwennbar nationaalt Gesetz oder Reglement fir d'Veraarbechtung vun dëse perséinlechen Donnéeën.

Mir sammelen a veraarbechte besonnesch Däin Numm, Virnumm, E-Mail-Adress, Telefonsnummer, IP-Adress a Verbindungsverlaf fir Reservatiounen, exklusiv am Kader vun de Reservatiounen a fir de strikt noutwendegen Zäitraum. Déi obligatoresch oder fakultativ Natur vun der Datesammlung gëtt wärend der Sammlung mat engem Stärchen ugewisen.

D'Daten, déi bei der Umeldung fir d'Newsletter gesammelt ginn (Numm, Virnumm an E-Mail-Adress), ginn nëmme benotzt fir Dir BENU Informatiouns-E-Mailen ze schécken. Dës Date ginn u kee weider, deemno och u keng aner Organisatioun, Verwaltung, Entreprise, Interessegrupp oder anerwäerts.

Wëllkomm op der Internetsäit sloow.benu.lu bedriwwe vu BENU Village Esch asbl. Sëtz vu BENU Village Esch asbl:

  • • 50, rue des Celtes
  • • L-1318 Luxembourg
  • • Tel. +352 27 38 01-80
  • info@benusloow.lu

Registréiert am "Registre de Commerce et des Sociétés de Luxembourg" ënner der Nummer F11364.

Den Editeur vun der Internetsäit verflicht sech, all gesetzlech Bestëmmungen anzehalen, déi mam Opbau an der Verwaltung vun enger Internetsäit ze dinn hunn. BENU Village Esch asbl ass verantwortlech fir den Inhalt vun der Internetsäit.

D'Benotzer:inne vun der Internetsäit ginn opgefuerdert, déi allgemeng Gebrauchsbedéngungen an d'Dateschutzrichtlinnen opmierksam ze liesen.

De Kulturpass soll jiddwerengem – onofhängeg vum Akommes – erméiglechen, um kulturelle Liewe vu Lëtzebuerg deelzehuelen. Als Kulturpassbesëtzer:in hues Du haut schonn Zougang zu diverse Partnermuséeën an eng Entréeskaart fir kulturell Veranstaltungen ewéi Danzopféierungen, Concerten, Festivaller an Theaterstécker ewéi och fir d’Cinémathéik fir de Präis vun 1,50 Euro.

Bei BENU wëlle mer nach méi wäit goen. Mir wënschen eis, datt d’Angebot vum Kulturpass iwwer déi kulturell Veranstaltungen erausgeet an op aner Beräicher ausgebreet gëtt. Dowéinst kriss Du, als Kulturpassbesëtzer:in, eng Reduktioun op all eis Servicer a Produiten. Ob et sech ëm eng Visitt am Restaurant BENU SLOOW oder dem Akafe vu Kleeder am BENU Shop handelt… Du bezils den hallwe Präis op alles.

Weider Informatiounen zum Kulturpass fënns Du op kulturpass.lu.

Introduktioun

D'Adress http://www.sloow.benu.lu (www.benusloow.lu) ass eng Internetsäit, iwwer Internet zougänglech, vu BENU Village Esch asbl mat Sëtz op der Adress 50, rue des Celtes, L-1318 Lëtzebuerg. Dës Gebrauchsbedéngungen hunn als Objet d’Konditiounen a Modalitéiten ze definéieren, ënner deenen d’Benotzer:innen op de Servicer vum Internetsite kënnen zougräifen, esouwéi z.B. d’Méiglechkeet, online Reservatioune fir de Restaurant BENU SLOOW kënnen ze maachen.

Restaurant BENU SLOOW

De Restaurant BENU SLOOW schafft mat "geretten" Iesswuere (Rescued Food) fir d’Zoubereedung vu senge Platen a Produiten. Et handelt sech ëm iwwerschësseg Iesswueren, déi anescht ewechgehäit gi wieren, obwuel se nach laang genuch haltbar sinn, eng gutt Qualitéit opweisen an den EU-Normen entspriechen. BENU SLOOW strieft e Prozentsaz vun 80% vu "gerette" Liewensmëttel a senge Preparatiounen un. Mir bidde weder Fleesch nach Fësch un. Ausser de vegetaresche Platen, bitt de Restaurant och exklusiv vegan Platen un. All d’Ingrediente stamen aus kontrolléierter ekologescher Landwirtschaft an, wa méiglech, aus der lokaler Produktioun. Hënn - mat Ausnam vun Service a Begleeder-Hënn fir Leit mat enger Behënnerung - sinn am Restaurant BENU SLOOW net erlaabt.

Table d'Hôtes

A senger éischter Phas start de Restaurant BENU SLOOW mat enger Table d’Hôtes, déi op am Viraus festgeluechten Datumer Gäscht begréisst. Eng Participatioun un der Table d’Hôtes ass nëmme mat Reservatioun méiglech. D’Reservatioun kann iwwer en Online-Formulaire oder iwwer Telefon ënnert der Nummer +352 27 38 01-81 entgéint geholl ginn. D’Table d’Hôtes invitéiert bis zu 12 Leit un engem virdefinéierten, vegetaresche Menü deelzehuelen, deen all Dag wiesselt - an dat op engem groussen, gemeinsamen Dësch. Kanner bis 12 Joer kréie 50% Remise op eisen Erliefnismenü. Allerdéngs proposéiere mir kee spezielle Kannermenü. De Präis pro Persoun iwwer 12 Joer ass

  • • ouni Gedrénks: 140 Euro
  • • mat selektionéiertem alkoholeschem Gedrénks: 190 Euro
  • • mat selektionéiertem net-alkoholeschem Gedrénks: 170 Euro

Restaurant "à la carte"

No der Offer vun der Table d’Hôtes begréisst de Restaurant BENU SLOOW Dech och elo och als reguläre Restaurant "à la carte". De Restaurant ka wärend eisen Ëffnungszäiten entweder mat oder ouni Reservatioun besicht ginn. Deng Reservatioun huele mir iwwer Telefon - ënnert der Nummer +352 27 38 01-81, oder per Mail un d’Emailadress info@benusloow.lu entgéint. De Restaurant bitt all Dag en anere Menü aus ënnerschiddleche vegetareschen a vegane Platen un.

Reservatioun

Bei der Reservatioun vun der Table d’Hôtes deelt de/d’Client:e säi Virnumm, Numm, Telefonsnummer an E-Mail-Adress mat, wielt den Datum aus a gëtt d’Unzuel u Gäscht:innen un. De/D’Client:e verflicht sech, BENU bei der Reservatioun aktuell, vollstänneg a korrekt Informatioune matzedeelen. BENU soll deemno iwwer all Ännerung vun den Donnéeën informéiert ginn. Mam reservéieren, stëmmt de/d’Client:e den allgemenge Gebrauchsbedéngungen an Dateschutzrichtlinne vu BENU zou. De/D'Client:e kritt eng Reservatiounsbestätegung iwwer E-Mail. BENU ass berechtegt, vum/vun der Client:e eng räsonabel Ubezuelung oder e Sécherheetsbetrag an der Form vun enger Kreditkaartgarantie, engem Acompte oder Änleches, ze verlaangen.

Annulatioun vun enger Reservatioun

Eng Reservatioun bei der Table d’Hôtes ka bis zu 4 Schaffdeeg am Viraus, iwwer Telefon ënner der Nummer +352 27 38 01-81 oder iwwer E-Mail op info@benusloow.lu, annuléiert ginn. Wann d’Annulatioun zu engem spéideren Zäitpunkt erfollegt, d. h. manner ewéi 4 Schaffdeeg am Viraus, oder wa se iwwerhaapt net erfollegt, ass BENU berechtegt d’Onkäschte vum/vun der Client:e ze verlaangen.

Kulturpass

D'Besëtzer:inne vun engem Kulturpass kréien eng Reduktioun vu 50% op all de BENU Servicer. D'Besëtzer:inne vum Kulturpass si gebieden, hire Kulturpass bei der Visitt am Restaurant BENU SLOOW virzeweisen. Folgend Gruppe sinn iwwer d'asbl Cultur'All fir de Kulturpass eligibel:

  • • All Persoun oder Famill mat engem nidderegen Akommes, déi a Lëtzebuerg wunnt
  • • All Persoun, déi eng Demande fir internationale Schutz gestallt huet
  • • All Persoun, déi temporäre Schutz kritt

Weider Informatiounen zum Kulturpass fënns Du op https://kulturpass.lu.

Newsletter

Op der Startsäit http://www.sloow.benu.lu (www.benusloow.lu), kann een d’BENU Newsletter abonéieren. Fir sech unzemellen, gëtt de/d’Benotzer:in säi Virnumm, Numm an E-Mail-Adress un. Eng Ofmeldung vun der Newsletter ass zu all Moment, ouni Formalitéiten, méiglech an dat mat enger E-Mail op benu@benu.lu mam Vermierk 'OFMELLEN'.

Bongen

Akafsbonge vu BENU kann een entweder an eisem Shop am BENU VILLAGE oder op eiser Homepage benucouture.lu kréien. Dës kënne fir all Produit oder Service vu BENU ageléist ginn, inklusiv fir eng Visitt am Restaurant BENU SLOOW. Se sinn zäitlech net begrenzt.