Entdeck d'Welt vu BENU

Entdeck d'Welt vu BENU

BENU VILLAGE ESCH ASBL

BENU VILLAGE ESCH ASBL

Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU VILLAGE SIS

BENU VILLAGE SIS

Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert Ufank 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU SLOOW

BENU SLOOW

Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Wanter 2022/23 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU COUTURE

BENU COUTURE

Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!

BENU REUSE

BENU REUSE

Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:

BENU LaSA

BENU LaSA

Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU FORM

BENU FORM

Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU BREAK

BENU BREAK

Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU SLOOW ass do !

Den éischte vegetaresch-vegane "Rescued Food" Restaurant aus der Groussregioun mécht seng Dieren zu Esch/Uelzecht op!

D´BENU Kichen-Ekipp komponéiert deeglech nei innovativ Geschmaachsexplosiounen aus héichwäertege "gerette" Liewensmëttel, déi duerch lokal a wëll aromatesch Kraider, feinste Gewürzer a suergfälteg ausgewielten Ingrediente verfeinert ginn! An net nëmmen dat: all d'Ingrediente stamen aus ekologesch kontrolléierter Landwirtschaft a wa méiglech och aus lokaler Produktioun. Alles frësch. Alles ënnert dem Motto Slow-Food...
BENU SLOOW start den 22.04.2023 mat senger Table d'Hôtes. Am Uschloss mécht BENU SLOOW als (méi oder wéineger ;) klassesche Restaurant "à la carte" op mat enger villfälteger Kaart fir all Geschmaach.

Firwat "Rescued Food"?

(Vill) ze vill frëscht Uebst a Geméis, dat souwuel héichwäerteg ass wéi och den EU Normen entsprécht, erreecht den Eenzelhandel ni. Wisou? Well de Buttek ëmmer voll muss sinn, och kuerz viru Schluss. Vill Wuer waart nach drop ofgeholl ze ginn, wa gläichzäiteg déi nei Wuer scho geliwwert gëtt.

Déi "iwwerschësseg" Liewensmëttel gi reegelméisseg entsuergt...

Looss Dech iwwerraschen !

SLO0W

Sustainable

(nohalteg)

Local

(lokal)

Organic

(biologesch)

0W Zero Waste

(Null Offall)

Du entdecks BENU SLOOW am neien Ekoduerf BENU VILLAGE zu Esch-Uelzecht!

Al Schëffscontainer, eng ausgebauten Dier, iwwerschëssegt Holz...

BENU SLOOW entsteet ganz nei mee fir de Bau ginn exklusiv Materialien a Ressourcë verwäert, déi aus anere Bauprojeten a Betriber stamen. Als éischt an zentraalt Element vum BENU VILLAGE, setzt BENU SLOOW konsequent op Kreeslafwirtschaft, UpCycling an ZeroWaste. De Restaurant BENU SLOOW gëtt vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt.

D'Realisatioun vum Ekoduerf BENU VILLAGE Esch gëtt duerch déi generéis Ënnerstëtzung vun der Gemeng Esch/Uelzecht erméiglecht! Weider engagéiert Acteure sinn de Ministère fir Emwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an de Wirtschaftsministère.

Mir soen all eisen Ënnerstëtzer:inne Merci fir hiert Engagement!

Als Deel vu BENU VILLAGE ass BENU SLOOW méi ewéi ee Restaurant. Et ass eng Plaz vum Entdecken, Erliewen a Begéinen...

...tëscht jonk an al, ënnerschiddleche Persounen a Kulturen!

Mir freeën eis op Dech!

BENU SLOOW start an enger éischter Phas mat der Table d’Hôtes
Vum 22.04.2023 bis den 21.05.2023

Wie kennt et net, dat gemittlecht Konzept aus Frankräich, ganz no un der Kichen: d'Table d'Hôtes, den Dësch fir Invitéen.

Wärend enger éischter Phas vun engem Mount invitéiert BENU SLOOW exklusiv 12 Gäscht, un der Table d'Hôtes deelzehuelen a sech op enger gemittlecher Plaz niewent dem participativ gebaute Leemuewen z’installéieren. Erlief eng gastronomesch-kulturell Rees mat Melodie vu wëllen, aromatesche Kraider aus der Regioun, esou ewéi aussergewéinleche Goûten aus dem Gedrénkskessel. Dëst alles an engem disruptiven, kënschtlereschen Ëmfeld, an deem de Chefkach/d’Chefkächin Geschichten iwwer d’Konzept vu BENU SLOOW erzielt an Dech vill Detailer iwwer d’Preparatioun vun all eenzelem Gang vun eisem Erliefnismenü entdecke léisst. Dat gemeinsaamt Iesse gëtt esou zu engem eenzegaartege Moment vum Wuelbefannen. Entrée? Onsécher. Haaptplat? Vläicht. Wéi wier et mat engem Dessert? Iwwerraschung! Einfach just ee formidabelt Iessen? Ganz sécher net!

Präis pro Persoun ouni Gedrénks: 140€

Präis pro Persoun mat selektionéiertem alkoholeschem Gedrénks: 190€

Präis pro Persoun mat selektionéiertem net-alkoholeschem Gedrénks: 170€

Kanner bis 12 Joer, esou ewéi Persounen, déi e Kulturpass hunn, kréie 50% Remise um Erliefnismenü. Allerdéngs proposéiere mir kee spezielle Kannermenü.
Méi iwwert de Kulturpass

An enger zweeter Phas kënnt de Restaurant BENU SLOOW no

Ab dem 24.05.2023 begréisse mir Dech an eisem Restaurant “à la carte”.
Du kanns Däin Dësch am Restaurant iwwer Telefon reservéieren, ënnert der Nummer +352 27 38 01-81 oder per Email info@benusloow.lu

Ech wëll d'Table d’Hôtes reservéieren

Virnumm *

Numm *

E-Mail-Adress *

Telefonsnummer (mat Virwal) *

Datum *

Auerzäit

Unzuel u Gäscht:innen *

1

* Flichtfeld

Sécherheetsfro: Wéi vill gëtt 9 + 2 ? *

Iwwerpréiwen

FAQ

  • Wat bedeit "Rescued Food"?

  • Zerwéiert de Restaurant BENU SLOOW och Fleesch a Fësch?

  • Kann ech am Restaurant BENU SLOOW mäi Menü auswielen?

  • Kann ech d'Auerzäit vu mengem Besuch bei BENU SLOOW änneren?

  • Kann ech meng Reservatioun annuléieren?

Mir soen der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte Merci fir déi generéis Ennerstëtzung vum BENU SLOOW Projet.